Warum gibt es einen deutschen Soldatenfriedhof in Sandweiler nahe Luxemburg-Stadt? Weshalb hat Luxemburg ihn nach 1945 zugelassen – und wer ist heute für ihn verantwortlich? Wie gedenkt man Soldaten, die für das nationalsozialistische Deutschland kämpften? Und kann man um Gefallene trauern, ohne das Regime zu relativieren, dem sie dienten?

Über diese und weitere Fragen spreche ich mit Diane Tempel-Bornett, Pressesprecherin des Volksbund Deutsche Kriegsgräberfürsorge.

En Ausbléck op 2026 mam Petz Bartz

Wat ginn di wichtegst Events vun 2026? Ech hunn den Journalist Petz Bartz getraff, fir mat him ze kucken, op wat dëst Joer sollt/kéint oder misst oppassen. E puer Stonnen virdrun ass en Diktator entfouert ginn, wat da schonn an di relevant Kategorie kéint falen. Am Gespréich war et op alle Fall en Thema.

Opfer oder Täter? – Wann Moral op Gehorsam trefft…

Wann ech an enger Diktatur opwuessen, do endoktrinéiert ginn, an duerno schrecklech Verbriechen am Numm vu mengem Diktator beginn – weem seng Schold ass dat dann?

Sinn ech en Opfer vum System – oder trotzdeem verantwortlech fir dat, wat ech gemaach hunn?

Kann een sech mat „Ech hunn just Befeeler ausgefouert“ aus der Affär zéien?

A wéini ziele mir zu deenen Gudden, a wéini zu deenen Béisen?

Wéi solle mir deene Leit gedenken, déi fir Nazi-Däitschland gestuerwen sinn?

En Interview mam Benoît Niederkorn, Direkter vum Musée National d’Histoire Militaire zu Dikrech.

Exotesch Planzen, komplex Waasserfäll, romantesch Landschaften – den Lustgarten ass eng Spillplaz vir den selbstbewossten Räichen, dee weisen wëll, ween di décksten Palm am Gaart huet. Mee den “parc municipal”, deen fir all Mënsch do ass, ass och vläicht just Beschäftegungsthérapie fir den Pöbel…Wat stécht hannert der Loscht um Spazéieren, den groussen Stadt-Parken, den deieren Privat-Gäert? Méi wéi der denkt!
Haut gi mer op d’Promenade mam Historiker Marc Schoellen, „expert en patrimoine paysager“.
Op Facebook ass en Album mat den (meeschten) Platzen, di mer an dëser Episod diskutéieren, falls der e Bild fir bei den Audio wëllt, hei ass de Link: www.facebook.com/media/set/?set=a…952617245&type=3

Lëtzebuerg – e Land, eng Stad, eng (auslännesch) Provënz… oder just eng Iddi?
Firwat hu mir e Nationalfeierdag – an net einfach en “Dag vum Siegfried” oder “Dag vum Caesar”?
Wéini gëtt eng Iddie zum Fakt? A wien huet iwwerhaapt entscheet, datt mir eng Natioun sinn?
Mam Historiker Pit Peporte sichen ech no de Wuerzelen vun eiser Nationalerzielung.

Where’s the money, Kohnen? Wéisou si mer net all scho laang ultra-räich?
Trotz Zënsen, Kapital a Spuerbuch ginn et nach ëmmer Armer a Räicher.
Déi Räich ginn ëmmer méi räich – an déi Aarm ëmmer méi vill.
Dobäi sinn eis Gesellschaften nach ni esou produktiv gewiescht,
an de weltwäite Räichtum war nach ni esou grouss wéi haut.

Wat leeft schief? Oder wat hu mir net verstanen?
Haut geet de Philosoph bei d’Economisten –
an eraus kënnt de Triple K fir eisen Podcast:
En Interview mam Mich a mam Paul Kohnen.

Wat seet den Doud iwwert eis aus?
D’Art a Weis, wéi mir iwwert den Doud schwätzen oder nodenken, seet dacks méi iwwert eis selwer aus wéi iwwer den Doud selwer.
Ech diskutéieren an dëser Episod mam Marc Schoellen doriwwer, wat eis Approche zum Doud iwwert eis Approche zum Doud verroden – doppelt hält besser!
Léisunge ginn et wéi gewinnt keng, mee dofir bleiwe mir entspaant an diskutéieren eng läschte Kéier iwwert den Doud.

Konsens – Wéi geet dat? Geet en Nee duer, oder muss et ëmmer e kloren Jo sinn? Wéi gesäit dat an der Praxis aus? A wou läit d’Grenz tëscht Mëssverständnis a Verstouss?

Dës Froen hunn ech mam Claire Schadeck an mam Esin Göksoy vum CID Fraen a Gender diskutéiert.